Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Episode's summary

De leschte Sonnden hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage op de Walfer Bicherdeeg d‘Laureatinnen a Laureaten vum Lëtzebuerger Buchpräis an hir Valibrairie invitéiert. Elo héiere mer den Extrait aus der Live-Sendung, wou si mat der Jessica Lopes, dem Charl Vinz an hirer Editrice Anna Valentiny vum Point Nemo Publishing geschwat hunn. D‘Gewënnerbuch an der Kategorie Sachbuch ass „Temps de trajet“

Episodes

5988-

Temps de trajet

De leschte Sonnden hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage op de Walfer Bicherdeeg d‘Laureatinnen a Laureaten vum Lëtzebuerger Buchpräis an hir Valibrairie invitéiert. Elo héiere mer den Extrait aus der Live-Sendung, wou si mat der Jessica Lopes, dem Charl Vinz an hirer Editrice Anna Valentiny vum Point Nemo Publishing geschwat hunn. D‘Gewënnerbuch an der Kategorie Sachbuch ass „Temps de trajet“

25 Nov 2026
5987-

"This Cursed Beautiful Land" vum Evan Gershkovich

Den Evan Gershkovich ass ee jonke Journalist, deen fir den Wall Street Journal aus Russland bericht huet. Wärend enger Recherche hat den russesche Geheimdéngscht him eng Fal gesat. Him gouf Spionage virgeworf an en gouf zu 16 Joer Prisong verurteelt. An der Gefaangenschaft huet hie weider geschriwwen. D‘Claire Barthelemy huet säi Memoire fir eis gelies.

25 Nov 2026
5986-

Tëscht dem CNA an der Cité de l’image huet et “Klick” gemaach

Weltwäit gëtt de Bicentenaire vun der Fotografie gefeiert. D’Équipë vum CNA zu Diddeléng an der Cité de l’image zu Klierf wollten dozou eppes bäidroen, an zwar idealerweis a Kollaboratioun. De leschte Weekend war et dunn d’Nouvelle, dat se Enn Juni 2027 de “Foto Clierf” lancéieren, e Fotofestival, deen als Ophänkert dem Edward Steichen seng Family of Man notzt -de Weltkulturierwe gëtt jo vum CNA am Klierfer Schlass versuergt- ma se an en Dialog mat 26 nationalen an internationalen zäitgenësseschen Artiste bréngt: dëst haaptsächlech zu Klierf, ma och a véier weidere Stied, erof bis op Esch an de Belval. D’Kerstin Thalau ass vun der Marielle Kaufmann vum CNA méi iwwert de Foto Clierf gewuer ginn.

25 Nov 2026
5985-

Famil Jukebox Night: Lëtzebuerger Musek op Wonsch

Eng Jukebox, hannert där keng Maschinn, mee eng richteg Band stécht? Haut den Owend gëtt dës Iddi am Gudde Wëllen Realitéit. Am Kader vun der Famil Jukebox Night kann de Public sech Lidder vu Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler wënschen, déi live gespillt ginn. Den Tun Biever verréit eis, wéi dat Ganzt funktionéiert a fir wat sech d’Musekerfederatioun Famil asetzt.

25 Nov 2026
5984-

Luc François an Ian De Toffoli am Gespréich

Lëtzebuerg vun haut, vu gëschter a vu muer, sinn d'Sujete vun den mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechente Wierker. Am éischten Deel vun der Literaturemissioun hunn d‘Valerija Berdi an de Michel Delage mam Co-Auteur vum Gewënnerbuch an der Kategorie Literatur „Angstvoll und leicht sehnsüchtig“, dem Luc François geschwat, grad wéi mat sengem Editeur, dem Ian De Toffoli vun Editions Hydre. Un dësem Buch hunn nach dräi weider Schreftstellerinne geschafft: Emma Braslavsky, Anja Kümmel an de Bejamin von Wyl aus Däitschland an der Schwäiz E Projet vum Samuel Hamen fir enger Stëmm aus Lëtzebuerg an dräi Stëmmen aus dem Ausland e literaresche Bléck op eng fiktiv Zukunft vu Lëtzebuerg ze erméiglechen. Wéi ass et zu dëse, Wierk komm, wa di weider Projete vum Luc François an wéi steet et ëm d‘Literatur aus Lëtzebuerg aus der Perspektiv vum Ian De Toffoli, dem Vize-President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren.

24 Nov 2026